Ech hat dat Buch an engem Wartesall gesinn wéi ech mat mengem Bouf bei eng Psychologin war. E Buch mat Kazen: ech sinn immens frou mat Kazen a mäi Bouf och, wa se net grad naass a knaschteg vun dobaussen erakommen. Typesch fir mäi speziellt Kand. Déi meescht Mënsche fanne Kazen léif a schmunzelen iwwert hir Charakterzich an akzeptéiere se. Bei Matmënschen di sech verschidde Leit schwéier et ze akzeptéieren. Am Buch gouf e léiwe Verglach zwëschen de Charakterzich vu Kazen an „Aspies“ gemaach, a souwuel mäi Bouf wéi och ech hunn et witzeg fonnt.

Buchkommentar: Patricia Muller